Mam Vëlo duerch Toskana 09/2011

Toskana 2011



Fir Toskana mam Vëlo ze erliewen, hunn ons a puer interessant Stied gesicht, vu wou mir verschidde kleng Tir organiséiere konnten. Eisen éischten Ausgangspunkt war den Hotel Casa Lemmi zu San Quirico d’Orcia.





1 San Quirico


Den éischten Tour huet eis vu San Quirico op Bagno Vignoni geféiert. Bagno Vignoni ass haaptsächlech fir seng Therme bekannt, déi scho vun den Etrusker an dono de  Réimer besicht goufen.

Mir waren ons scho bewosst dat Toskana alles anescht wéi flaach wär, me dat déi Knuppen esou gëfteg wären hu mir eréischt „sur place“ gemierkt.

No Bagno Vignoni goung et weider op Castiglioni d'Orcia an iwwer Gallina a Spedaletto nes zeréck op San Quirico.








No enger éischter “mise en jambes” goung eisen 2ten Tour vu San Quirico op Pienza.
Leider hate mir hei en Accident „rupture du tendon d’achille“.
Nodems mir de Kolleg heem bruegt haten, konnte mir onsen Tour awer weider féieren.





PIENZA

Vu Pienza si mir weider iwwer  Monticchiello op Montepulciano gefuer. Montepulciano läit op enger Kopp vun 600 Meter, an ass vun enger Befestigungsmauer ëmginn. Bekannt ass et duerch seng pittoresk Lag, a sei gudde Wäin de Vino Nobile di Montepulciano respektiv déi méi gënschteg Versioun, de Rosso di Montepulciano.
MONTEPULCIANO

Vu Pienza si mir weider iwwer  Monticchiello op Montepulciano gefuer. Montepulciano läit op enger Kopp vun 600 Meter, an ass vun enger Befestigungsmauer ëmginn. Bekannt ass et duerch seng pittoresk Lag, a sei gudde Wäin de Vino Nobile di Montepulciano respektiv déi méi gënschteg Versioun, de Rosso di Montepulciano.


Zu Montepulciano hu mir decidéiert iwwer Regolo zeréck op San Quirico ze fueren, fir no dem verletzte Colleg ze kucken.
Eise lëschten Tour an dëser Géigend war eng Rundfahrt nord-westlech vu Montalcino. Grad wéi Montepulciano ass Montalcino bekannt fir säin excellente Wäin, de  Brunello di Montalcino.



2 Gaiole in Chianti

Vu San Quirico si mir mam Auto weider op Gaiole in Chianti gefuer, wou mir an der Casa al Vento e flotten Agro-Center als nächste „Stützpunkt“ fond hun.







Eisen éischten Tour goung vu Radda in Chianti iwwer Lucarelli, Panzano op Grewe in Chianti. Hei war eng grouss Dégustatioun vu Chianti. Dat huet eis net onbedéngt gehollef fir de Bierg erop op Lamola ze fueren, mir hunn trotzdem misse erop.











Eng Visite vu Siena war eist nächst Zil. Dofir si mir op Pianella gefuer wou mir den Auto stoe geloss hunn.  Vun do aus mir, iwwer San Giovanni, mam Vëlo op Sienna gefuer. Siena gellt als eng vun dene schéinste Stiet aus der Toskana, me et ass  absolut keng Vëlos-Stat. Bekannt ass Siena fir seng Pärdscours de Palio di Siena, déi op der zentral Plaz (Piazza del Campo) ausgedroe get.
Zeréck op Pianella si mir iwwer Vico d’Arbia gefuer.



















Pianella- San Gusme –Pianella

Eise leschten Tour an dëser Géigend ass südlech vu Gaiole verlaf. Hei goung et eng laang Montee erop op San Gusmè. Mir hunn hei mir op engem Volleksfest eng Paus gemaach, eng Klengegkeet giess an dobäi fir Jiddereen a „Mignon“ bestallt. Dat war en halwe Liter Wäin den seng Wierkung net verpasst huet, besonnesch wëll et dono nach stramm de Bierg erop goung.








3 Villa San Giorgio

No Gaiole goung et weider op Poggibonsi. Nördlech vu Poggibonsi hu mir ons an der Villa San Giorgio an de Bierger niddergelooss.
Nodeems mir ons installéiert hate goung et nach dur fir en Tour iwwer Tavernelle Val di Pesa-Barberino Val d’Elsa-Poggobonsi zeréck an d'Villa Giorgio. Well et ons zu Barberino sou gutt gefall hat si mir owens dohin zeréck gefuer, fir op enger Terrass mat enger super Vue iwwer de Vald’Elsa zu Nuecht z’iessen.



Florenz

Wann en Toskana besicht ass Florenz e Must. No eiser Erfaarung mat Siena, hu mir zu Florenz ganz op de Vëlo verzicht. Mir hunn d’Stat wéi déi meschte Leit zu Fouss besicht.

San Geminiano –Volterra



San Geminiano läit wéi déi meescht Klengstiett an der Toskana op enger Knupp, a gett och „mittelalterliches Manhatten“ oder Stad vun den Tierm genannt. Vun deenen 72 Tierm aus dem Mëttelalter sinn der nëmmen 15 iwwereg bliwwen. Am Mëttelalter goung et dorëms seng Macht Duerch d’erbaue vu groussen Tierm ze beweisen. Vun hei aus si mir a Richtung Volterra gefuer, deelweis op klenge Stroossen deelweis op Mountainbike's Pisten. D’Montee op Volterra war net vu schlechten Elteren. Zeréck op San Gimignano si mir iwwer déi normal Stross gefuer. Dat war méi langweileg me dofir manner ustrengend.


4 Pisa




Eisen nächsten „pied-à-terre“ war den Airone Pisa Park Hotel an der Entrée vu Pisa. No enger kuerzer Visite  mam Vëlo si mir duerch kleng Dierfer bis un d’Küst um tyrrhenesche Mier gefuer. Vun Tirrenia si mir zeréck iwwer Marina di Pisa an Stat mam schifen Tuerm gefuer, wou mir am spéide Mëtten ukoumen. Zu dem Zäitpunkt stoung d’Sonn schonn niddereg, wat eis erlaabt huet den Dom vu Pisa mat dem schifen Tuerm an engem ganz besonnesche Liicht ze gesinn.