Toskana 2011
Fir Toskana mam Vëlo ze erliewen, hunn ons a puer
interessant Stied gesicht, vu wou mir verschidde kleng Tir organiséiere
konnten. Eisen éischten Ausgangspunkt war den Hotel Casa Lemmi zu San Quirico
d’Orcia.
1 San Quirico
Den éischten Tour huet eis vu San Quirico op Bagno Vignoni
geféiert. Bagno Vignoni ass
haaptsächlech fir seng Therme bekannt, déi scho vun den Etrusker an dono de Réimer besicht goufen.
Mir waren ons scho
bewosst dat Toskana alles anescht wéi flaach wär, me dat déi Knuppen esou
gëfteg wären hu mir eréischt „sur place“ gemierkt.
No Bagno Vignoni goung et weider op Castiglioni d'Orcia an
iwwer Gallina a Spedaletto nes zeréck op San Quirico.
No enger
éischter “mise en jambes” goung eisen 2ten Tour vu San Quirico op Pienza.
Leider hate mir hei en Accident „rupture du
tendon d’achille“.
Nodems mir de Kolleg heem bruegt haten, konnte mir onsen Tour awer weider
féieren.PIENZA |
Vu Pienza si mir weider iwwer Monticchiello op Montepulciano gefuer.
Montepulciano läit op enger Kopp vun 600 Meter, an ass vun enger
Befestigungsmauer ëmginn. Bekannt ass et duerch seng pittoresk Lag, a sei gudde
Wäin de Vino Nobile di Montepulciano respektiv déi méi gënschteg Versioun, de
Rosso di Montepulciano.
MONTEPULCIANO |
Vu Pienza si mir weider iwwer Monticchiello op Montepulciano gefuer. Montepulciano
läit op enger Kopp vun 600 Meter, an ass vun enger Befestigungsmauer ëmginn.
Bekannt ass et duerch seng pittoresk Lag, a sei gudde Wäin de Vino Nobile di
Montepulciano respektiv déi méi gënschteg Versioun, de Rosso di Montepulciano.

Zu Montepulciano hu mir decidéiert iwwer Regolo zeréck op
San Quirico ze fueren, fir no dem verletzte Colleg ze kucken.
Eise lëschten Tour an dëser Géigend war eng Rundfahrt nord-westlech vu
Montalcino. Grad wéi Montepulciano ass Montalcino bekannt fir säin excellente
Wäin, de Brunello di Montalcino.
2 Gaiole in Chianti
Vu San Quirico si mir mam Auto weider op Gaiole in Chianti gefuer,
wou mir an der Casa al Vento e flotten Agro-Center als nächste „Stützpunkt“
fond hun.
Eisen éischten Tour goung vu Radda in Chianti iwwer
Lucarelli, Panzano op Grewe in Chianti. Hei war eng grouss Dégustatioun vu
Chianti. Dat huet eis net onbedéngt gehollef fir de Bierg erop op Lamola ze
fueren, mir hunn trotzdem misse erop.
Eng Visite vu Siena war eist nächst Zil. Dofir si mir op
Pianella gefuer wou mir den Auto stoe geloss hunn. Vun do aus mir, iwwer San Giovanni, mam Vëlo
op Sienna gefuer. Siena gellt als eng vun dene schéinste Stiet aus der Toskana,
me et ass absolut keng Vëlos-Stat.
Bekannt ass Siena fir seng Pärdscours de Palio di Siena, déi op der zentral
Plaz (Piazza del Campo) ausgedroe get.
Zeréck op Pianella si mir iwwer Vico d’Arbia gefuer.
Pianella- San Gusme –Pianella
3 Villa San Giorgio
No Gaiole
goung et weider op Poggibonsi. Nördlech vu Poggibonsi hu mir ons an der
Villa San Giorgio an de Bierger niddergelooss.
Nodeems mir ons installéiert hate goung et nach dur fir en
Tour iwwer Tavernelle Val di Pesa-Barberino Val d’Elsa-Poggobonsi zeréck an
d'Villa Giorgio. Well et ons zu Barberino sou gutt gefall hat si mir owens
dohin zeréck gefuer, fir op enger Terrass mat enger super Vue iwwer de
Vald’Elsa zu Nuecht z’iessen.
Florenz
Wann en Toskana besicht ass Florenz e Must. No eiser
Erfaarung mat Siena, hu mir zu Florenz ganz op de Vëlo verzicht. Mir hunn
d’Stat wéi déi meschte Leit zu Fouss besicht.
San Geminiano –Volterra
San Geminiano läit wéi déi meescht Klengstiett an der
Toskana op enger Knupp, a gett och „mittelalterliches Manhatten“ oder Stad vun
den Tierm genannt. Vun deenen 72 Tierm aus dem Mëttelalter sinn der nëmmen 15
iwwereg bliwwen. Am Mëttelalter goung et dorëms seng Macht Duerch d’erbaue vu
groussen Tierm ze beweisen. Vun hei aus si mir a Richtung Volterra gefuer,
deelweis op klenge Stroossen deelweis op Mountainbike's Pisten. D’Montee op
Volterra war net vu schlechten Elteren. Zeréck op San Gimignano si mir iwwer
déi normal Stross gefuer. Dat war méi langweileg me dofir manner ustrengend.

4 Pisa

Eisen nächsten „pied-à-terre“ war den Airone Pisa Park Hotel an der Entrée vu Pisa. No enger kuerzer Visite mam Vëlo si mir duerch kleng Dierfer bis un d’Küst um tyrrhenesche Mier gefuer. Vun Tirrenia si mir zeréck iwwer Marina di Pisa an Stat mam schifen Tuerm gefuer, wou mir am spéide Mëtten ukoumen. Zu dem Zäitpunkt stoung d’Sonn schonn niddereg, wat eis erlaabt huet den Dom vu Pisa mat dem schifen Tuerm an engem ganz besonnesche Liicht ze gesinn.
4 Pisa

Eisen nächsten „pied-à-terre“ war den Airone Pisa Park Hotel an der Entrée vu Pisa. No enger kuerzer Visite mam Vëlo si mir duerch kleng Dierfer bis un d’Küst um tyrrhenesche Mier gefuer. Vun Tirrenia si mir zeréck iwwer Marina di Pisa an Stat mam schifen Tuerm gefuer, wou mir am spéide Mëtten ukoumen. Zu dem Zäitpunkt stoung d’Sonn schonn niddereg, wat eis erlaabt huet den Dom vu Pisa mat dem schifen Tuerm an engem ganz besonnesche Liicht ze gesinn.